Aweiung « Bëschkierfecht an der Seitert » zu Lëntgen / Inauguration « Cimetière forestier » à Lintgen – 17/9/2026

De 17. September 2026 gouf de regionale « Bëschkierfecht an der Seitert » zu Lëntgen offiziell ageweit. D’Erëffnungszeremonie huet a Präsenz vu Vertrieder vun de Gemenge Lëntgen, Luerenzweiler a Fëschbech stattfonnt, souwéi vu Vertrieder vun de Firmen, déi un dësem Projet bedeelegt waren.

Mam gemeinsam finanzéierte Bëschkierfecht hunn d’Gemenge Fëschbech, Lëntgen a Luerenzweiler eng Plaz geschaf, wou Abschid a Gedenken an enger natierlecher Ëmwelt hir Plaz fannen.

Weider Informatiounen fann Dir op eisem Internetsite ënnert follgendem Link:

Cimetières